Blog

Vegetatiounsbrand zu Habscht

En Méinden den 18.04.2022 gouf den CIS Habscht um 14:18 op Habscht op ee Vegetatiounsbrand geruff. Well et am Bësch net einfach ass fir un Waasser ze kommen goufen direkt puer Camionen aus verschidden Asazzenteren alarméiert fir dass genuch Waasser op der Plaz ass D’Feier konnt duerch een direkten Ugrëff iwwert dee schwaarzen Deel agedämmt ginn an eng weider Brandausbreedung konnt esou Ënnerbonne ginn. Nodeems…

Brand zu Habscht

En Samschden den 05.03.2022 gouf de CIS Habscht um 01:57 op Habscht geruff well et do brenne sollt. Op der Platz hunn eis Leit kee Feier fonnt. D’Gebai wou d’Feier gemellt war sou wei déi Gebaier niewendrun goufen all kontrolléiert a well näischt fonnt ginn ass, war den Asaz dann och fir eis eriwwer. Op der Plaz: CISH: LF 2-1, KLF 2-1,…

Verkéiersaccident N8

En Méinden de Moien, kuerz no 11:30 gouf den CIS Habscht op ee Verkéiersaccident op d‘ N8 op der héicht vum Éinerpaad geruff. Hei waren zwee Ween matenee kollidéiert. Zwou Persounen goufen verwonnt, eng méi liicht an eng méi schwéier. Nodeems een Patient aus dem Auto eraus geschnidden war, sinn d’Patienten mat den RTW’en vum CIS Reiden an…

Verkéiersaccident

En Méinden de Moien, kuerz viru 7:20 gouf d’Permanence vum CIS Habscht op ee Verkéiersaccident op der Kräizerbuch geruff. Hei waren zwee Ween matenee kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt an ass mam RTW vum CIS Stengefort an d’Spidol bruecht ginn. Op der Plaz:CISH: LF 2-1 , DIW 1CISST: RTW 1Police Lëtzebuerg

Auto geint Haus

Den Mëttwoch Moien, den 13.10.2021 géint 00:20 ass d’Permanence vum CIS Habscht op een Accident geruff ginn wou een Auto an eng Garage vun engem Haus gerannt ass. Op der platz ukomm gouf direkt nom Chauffer vum Auto gekuckt, deen scho vum selwen eraus geklommen war, bis d’Ambulanz op der platz war. Well d’Gasleitung duerch den Accident liicht beschiedegt gouf, gouf och…

Kamäibrand

Samschdeg den 25ten Dezember ass Permanence vum CIS Habscht ob ee Kamäibrand geruff ginn. Den CIS Habscht gouf op der Asazplaz vum CIS Mamer mat hirem Teleskoparm ënnerstëtzt. Et koum beim Brand weder eng Persoun nach Material zu Schued. Op er Plaaz:CISH: TLF 2-1, GW 1-1, KDW 1CISMA: HLF 2-1, TMF 2CGDIS: Chef PletonPolice Lëtzebuerg