Dampentwecklung


An der Nucht vum Samschden ob de Sonnden géint 03 Auer ass Permanence vum CISH ob Simmerfarm geruff ginn.

An enger gréisserer Residenz géif et no staark no Feier richen.

Op der Plaz ukomm, konnt um 2te Stack effektiv een staarke Brandgeroch bemierkt ginn.
Eng Bewunnerin vum 3te Stack hat Pompjeeën geruff, well déi et och geroch hat.

Well Quell vum Brandgeroch awer net konnt lokaliséiert ginn, gouf ugefaange mat Wärmebildkameran ze sichen an mat Hëllef vun der Police gouf bei de Bewunner getockt vir secher ze goen, dass näischt an enger Wunneng wier.

Nodeems deen 2te Bewunner Dier opgemat huet, wuer Quell vum Geroch fonnt. De Bewunner hat een Dëppe mat Reschter op der Kachplack stoe gelooss an déi waren ugebrannt.
Ma de Mann war awer ageschlof an huet Dampentwécklung net matkritt!
Zum Gléck war hie net zu Schued komm.

De Mann hat vill Gléck am Ongléck!
Hätt Nopesch de Geroch net bemierkt, wäre keng Pompjeeën komm an et hätt kéinte ganz anescht Ausgoen vir de Mann.

Et sief drun erënnert wei wichteg et ass Feiermelder bei sech Doheem ze hunn. Och hei hätt ee Feiermelder schonn éischter Alarm geschloen!

Op er Plaaz:
CISH:
TLF 2-1, KLF 1, GW 1-1, KDW 1, TSF 1
Police Lëtzebuerg