Vegetatiounsbrand zu Habscht


En Méinden den 18.04.2022 gouf den CIS Habscht um 14:18 op Habscht op ee Vegetatiounsbrand geruff. Well et am Bësch net einfach ass fir un Waasser ze kommen goufen direkt puer Camionen aus verschidden Asazzenteren alarméiert fir dass genuch Waasser op der Plaz ass


D’Feier konnt duerch een direkten Ugrëff iwwert dee schwaarzen Deel agedämmt ginn an eng weider Brandausbreedung konnt esou Ënnerbonne ginn. Nodeems d’Feier aus war hunn d’Ekippe mat en Noläschaarbechten ugefaange fir dass d’Feier net erëm ufänkt. No den Noläschaarbechten an nodeems séchergestallt gi war dass kee Feier méi ufänke kéint, konnten d’Ekippen och erëm an den Asazzenter fueren. Awer eng Ekipp ass op der Plaz bliwwen fir eng Brandwaacht ze maachen. Am Asazzenter ukomm war d’Aarbecht nach net fäerdeg, well d’Material huet nach misste gebotzt ginn an an d’Rei gesat gi fir dass de Camion rëm prett ass fir eraus ze fueren.

Op der Plaz:
CISH:
LF 2-1, KLF 2-1, GW 1-1, MTW 1-1, MZF 1-1
CISST: HLF 2-2, WLF, MTW
CISLUX: ULF
CIS Tuntange: LFA 1-1
CIS Kehlen: TLFW, LF 2-1
GIS GATO: GW-Drone
CGDIS: Chef de Peloton, Chef de Compagnie
Police

« von 12 »