Brand zu Habscht

En Samschden den 05.03.2022 gouf de CIS Habscht um 01:57 op Habscht geruff well et do brenne sollt.

Op der Platz hunn eis Leit kee Feier fonnt. D’Gebai wou d’Feier gemellt war sou wei déi Gebaier niewendrun goufen all kontrolléiert a well näischt fonnt ginn ass, war den Asaz dann och fir eis eriwwer.

Op der Plaz:
CISH:
LF 2-1, KLF 2-1, GW 1-1
CISST: HLF 2-1, STF
CISMA: TMF, HLF 2-1, RTW 1
CGDIS: Chef de Peloton
Police