Autor: Jerome Fischbach

Kichebrand an engem Restaurant – 08.07.2018

Sonndes Owes um 20.55 Auer ass beim CISH Groussalarm ausgeléist, well zu Habscht an enger Kichen vun engem Restaurant géif et brennen. Beim antreffen vun den éischten Truppen, hat de Propriétaire schonn Feier geläscht. Enner Otemschutz gouf dunn an der Kichen, mëttels Wärmebildkamera, no Brandnäschter kontrolléiert. Des Weideren gouf dat ganzt Haus kontrolléiert ob sech…

Brand an engem Appartementshaus zu Käerch – 25.05.2018

Freides Owes um 21.15 Auer ass den TLFA 2-1 vum CISH als Renfort ob Käerch geruff ginn, do war ee Feier an engem Appartementshaus ausgebrach. Zu dësem Moment huet sech praktesch déi ganz Permanence an nach zousätzlech Memberen vum Corps am Pompjeesbau opgehalen, vir eisen Sécherheetsdag ze organiséieren. Well gewosst war wat géif brennen, sinn…

Autosaccident – 26.03.2018

Méindegmëttes ass Permanence an den First Responder vum CISH ob een Accident geruff ginn, deen ob der Streck Gäichel – Kräizerbuch  geschitt ass. Hei war ee Chauffer mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm. De Chauffer ass mat der Ambulanz vum CIS Stengefort ob Ettelbréck an Spidol gefouert ginn. Ob der Platz: CISH: TLFA 2-1…

Entstehungsbrand – 15.02.2018 –

Donneschden Owend um 18 Auer ass Permanence vum CISH ob Habscht geruff, wéinst enger Dampentwécklung an engem Haus. Ob der Plaz ukomm konnt festgestallt ginn, dass et een Enstehungsbrand war. Enner schwéierem Otemschutz ass Brandlaascht ewech geholl ginn an ofgeläscht ginn. Et war kengem eppes geschitt an et gouf just minimal Materialschued. Op der Plaz:…