Brand an engem Appartementshaus zu Käerch – 25.05.2018

Freides Owes um 21.15 Auer ass den TLFA 2-1 vum CISH als Renfort ob Käerch geruff ginn, do war ee Feier an engem Appartementshaus ausgebrach.

Zu dësem Moment huet sech praktesch déi ganz Permanence an nach zousätzlech Memberen vum Corps am Pompjeesbau opgehalen, vir eisen Sécherheetsdag ze organiséieren. Well gewosst war wat géif brennen, sinn all Memberen déi sech am Bau opgehalen hunn, direkt mat ob den Asaz gefuer.

Dëst war och net ëmsoss, den CISH huet 4 Otemschutzéquipe gestallt an een zousätzlechen Trupp vir Otemschutznoutfallmanagement.

Bedéngt duerch Konstruktioun vum Gebai hunn sech noläsch Aarbechten äussers schwiereg duergestallt.

Nodeems de Brand praktesch aus war, konnten däi éischt Equippen géint Mëtternuecht erëm eran fueren. Och den CISH konnt zu deem Moment erëm ofzéien.

Nach während dem Asaz zu Käerch ass den First Responder ob Eischen geruff ginn. Direkt huet sech eng Équipe vun der Asazplaz mam GW 1-1 ob de Wee gemaach.

Nodeems Gefierer erëm am Bau waren, huet nach missten dee ganzen schwéieren Otemschutz an Rei gesat ginn, sou dass kuerz no 01 Auer alles erëm geraumt war.

Ze bedenken ass, dass den CIS Käerch souwéi eng Equipe vum CIS Stengefort nach bis Moies 06 Auer ob der Plaz waren an dunn eréischt konnte Heem fueren.

Op der Plaz vum CISH: TLFA 2-1, GW 1-1, MZF 1-1, MTW 1-1, KDW 1-1 an SW-A

Den CISST: HLF 2-1, HLF 2-2, RW 1-1, DIW-1, WLF-AB/Waasser, RTW-1

Den CISMA: HLF 1-1, LF 2-1, TMF 2-1, MZF 2-1

Den CISK: TLFA 2-1, VLF

Den Incendie/Ambulance VDL: DLK 2-1, ELW 2

Den CISR: RTW-1

Des Weideren: Administration des service de secours an Police Lëtzebuerg