Spendenopruff

Am Kader vun der humanitärer Katastrophe, ausgeléist duerch en brutalen Krich, an der Ukrain, lancéieren d’Pompjeeën Gemeng Habscht A.s.b.l. en Spendenopruff fir LUkrain A.s.b.l.

D’Ziel vun dëser Aktioun ass et zesummen als Amicale’en vun CGDIS CIS’en an GIS’en Suen ze sammelen fir Stroumaggregater ze kafen. Dëst gin dringend gebraucht fir kritesch Infrastrukturen weider bedreiwen ze kennen, och wann den Stroumreseau no russeschen Attacken iwwer Deeg net méi funktionéiert.

Des Aktioun gouf iwwert d’Federatioun un all Amicale an hir Memberen am Land weider geleet. Mir hoffen sou zesummen eppes bewierken ze kennen! Dofir hëlleft eis hëllefen!

Wann Dir als Verain oder als Eenzelpersoun interesseiert sidd un dëser Aktioun matzemachen, dann mellt iech w.e.g. per mail bei eis, help.ukraine@cish.lu

Op dësem Site wäerten mir  Iech um lafenden halen an och publizéieren wien sech un dëser Solidaraktioun bedeelegt:

Weider Spenden vun:
Humanitarian Intervention Team Luxembourg
Fraen an Mamen vun Simmer
Chorale Ste Cécile Eischen