Interventioune 2024
- Äischdaller Oktoberfest 2025

- Vegetatiounsbrand zu Habscht

En Méinden den 18.04.2022 gouf den CIS Habscht um 14:18 op Habscht op ee Vegetatiounsbrand geruff. Well et am Bësch net einfach ass fir un Waasser ze kommen goufen direkt puer Camionen aus verschidden Asazzenteren alarméiert fir dass genuch Waasser op der Plaz ass
D’Feier konnt duerch een direkten Ugrëff iwwert dee schwaarzen Deel agedämmt ginn an eng weider Brandausbreedung konnt esou Ënnerbonne ginn. Nodeems d’Feier aus war hunn d’Ekippe mat en Noläschaarbechten ugefaange fir dass d’Feier net erëm ufänkt. No den Noläschaarbechten an nodeems séchergestallt gi war dass kee Feier méi ufänke kéint, konnten d’Ekippen och erëm an den Asazzenter fueren. Awer eng Ekipp ass op der Plaz bliwwen fir eng Brandwaacht ze maachen. Am Asazzenter ukomm war d’Aarbecht nach net fäerdeg, well d’Material huet nach misste gebotzt ginn an an d’Rei gesat gi fir dass de Camion rëm prett ass fir eraus ze fueren.Op der Plaz:
CISH: LF 2-1, KLF 2-1, GW 1-1, MTW 1-1, MZF 1-1
CISST: HLF 2-2, WLF, MTW
CISLUX: ULF
CIS Tuntange: LFA 1-1
CIS Kehlen: TLFW, LF 2-1
GIS GATO: GW-Drone
CGDIS: Chef de Peloton, Chef de Compagnie
Police - Brand zu Habscht

En Samschden den 05.03.2022 gouf de CIS Habscht um 01:57 op Habscht geruff well et do brenne sollt.
Op der Platz hunn eis Leit kee Feier fonnt. D’Gebai wou d’Feier gemellt war sou wei déi Gebaier niewendrun goufen all kontrolléiert a well näischt fonnt ginn ass, war den Asaz dann och fir eis eriwwer.
Op der Plaz:
CISH: LF 2-1, KLF 2-1, GW 1-1
CISST: HLF 2-1, STF
CISMA: TMF, HLF 2-1, RTW 1
CGDIS: Chef de Peloton
Police - Verkéiersaccident tëschent Habscht an Stengefort

Den Freiden den Metten kuerz no 16:15 ass den CIS Habscht op een Accident tëschent Habscht an Stengefort geruff ginn, wou zwee Autoen net laanscht eneen komm sinn. Zwou Persounen goufen dobäi liicht verletzt an goufen mat den Ambulanzen an Klinik bruecht.
Op der Plaz:
CISH: LF 2-1 , GW 1-1, DIW 1-1
CISR: AMB 2
CISMA : RTW 2
Police Lëtzebuerg - Verkéiersaccident N8

En Méinden de Moien, kuerz no 11:30 gouf den CIS Habscht op ee Verkéiersaccident op d‘ N8 op der héicht vum Éinerpaad geruff. Hei waren zwee Ween matenee kollidéiert. Zwou Persounen goufen verwonnt, eng méi liicht an eng méi schwéier. Nodeems een Patient aus dem Auto eraus geschnidden war, sinn d’Patienten mat den RTW’en vum CIS Reiden an vun CIS Lintgen an d’Spidol bruecht ginn.
Op der Plaz:
CISH: LF 2-1 , DIW 1, MTW 1-1
CISST: HLF 2-1
CISR: RTW 1
CIS Lintgen : RTW 1
SAMU LUX 2
Chef Peloton
Police Lëtzebuerg

