Wanterrallye mat der Jugend – 24.02.2018

Den 24. Februar 2018 waren mir mat eisen Jugendpompjeeën op engem Wanterrallye vun der Regioun Centre derbäi.

Lass goung et de Moien géint 9.00 vun Béiwen un der Atert iwwer knapp 14 km op Tënten.

No ongeféier 4 Stonnen iwwer Bierg an Dall, bei beschte Wanterkonditiounen, hunn mir gemeinsam bei engem gudden Wupp an engem waarme Gedrénks am Pompjeesbau zu Tënten dëse flotten Dag ausklénge gelooss.

Mir soen den Organisateuren Merci fir déi gutt Organisatioun an freeën eis elo schonn op d’nächst Joer.