Stuerm „Eleanor“ – 03.01.2018

Nodeems um 02. Januar Wiederwarnungen eraus gaangen sinn, hat den CISH an seng Memberen sech am viraus dorobber virbereet.

Sou wei gemellt ass et dunn och komm.

Um 05.55 Auer ass et mat deem éischten Asaz lass gaangen an um 09.14 Auer waren dunn am ganzen 7 Asätz opgeschafft ginn.
Bei deenen 7 Asätz huet allkéiers ee Bam Strooss blockéiert an et koum weder zu Persoune-, nach zu Materialschued.

Am Laf vum Moien gouf och den CIS Stengefort an den CIS Käerch ob Unwetter geruff. Doropshin gouf eng direkt Verbindung tëscht den Zentralen opgebaut, sou dass am Fall vum Besoin een deen aneren konnt ënnerstëtzen.

Nodeems Asazéquipe sech an der Mëttesstonn konnt stäerken, gouf et dunn um 13.50 Auer nach eemol e Bam ewech ze maachen.

Am Asaz war vum CISH den TLFA 2-1, KLF 1-1, GW 1-1 an den KDW 1.