Mazoutspuer – 19.12.2017

Dënschdes den 19ten Dezember um 11.35 Auer ass den CISH ob Streck Gäichel – Kräizerbuch geruff ginn wëll do eng Mazoutspuer géif ob der Strooss léien.

Während dem Asaz ass den KLF1-1, wat eisen 2 takteschen Asazwon ass, alarméiert ginn ob eng 2. Mazoutspuer ob der Streck Kräizerbuch – Saeul.

Den TLFA2-1 an den KLF1-1 hunn dunn zesummen béid Spueren ewech gemaach.

Et war och méiglech den Verursaacher vun der Mazoutspuer eraus ze fannen, sou dass dësem eng Rechnung vir den Asaz ausgestallt kritt.

Ob der Platz war den CISH mam TLFA2-1, KLF1-1 an GW1-1.