Schweiert Autosaccident – 02.11.2017

Dënschdes Owes um 20.45 Auer ass den CISH ob Kräitzerbuch geruff ginn, ob een méi schwéiert Accident wou eng Persoun ageklemmt wier.

First Responderen vum CISH déi als éischt ob der Plaz waren hunn direkt ugefaangen de Patient en charge ze huelen bis permanencen Equipe agetraff ass.

Nodeems den Auto geséchert war, gouf zesummen mat der Equipe vum Centre d’Incendie et de Secours Steinfort Dier vum Auto eraus geholl an de Patient aus dem Auto gebuergen, vir der Ambulanz ze iwwerginn.

Nodeems Opraumaarbechten ofgeschloss waren an den Auto ofgeschleeft, konnt den CISH och erëm zeréck an de Pompjeeësbau fueren.

Ob der Plaatz war den CISH mam TLFA 2-1, GW 1-1 an MTW 1

Den CISST mam HLF 2-1 an der AM1
SAMU Lëtzebuerg an Police Grand-Ducale

Leave Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert