Kamäibrand


Samschdes am spéide Nomëtten, géint 16 Auer, ass den CIS Habscht op ee Kamäibrand geruff ginn.

Wei den CIS op der Plaz ukomm ass, hat de Propriétair a säi Noper scho schnell gehandelt an de Kamäibrand mat engem Polverläscher erstéckt.
Ee Binom ënnert Otemschutz huet bannen am Haus mat enger Wärmebildkamera dee ganze Kamäin no Hëtztquellen ofgesicht.

Mat der DLK vum CIS Réiden gouf de Kamäin och vun baussen kontrolléiert. Och hei konnte keng Hëtztquelle méi fonnt ginn.

Op der Plaz:
CISH: TLF 2-1, GW 1-1, TSF 1, MTW 1
CIS Réiden: DLK 2-1, TLF 2-1