30.06.2019 – Verkéiersaccident Simmerfarm

Sonndes, den 30. Juni 2019 kuerz virun 12 Auer ass den CISH ob en Accident ob Simmerschmelz geruff ginn.

Gemellt gouf een Accident tëscht 2 Autoen mat engem blesséierten.
Ob der Plaz ukomm huet Situatioun sech awer bëssen anescht presentéiert.
Et huet sech erausgestallt, dass 3 Autoen am Accident verwéckelt waren.
Ee vun de Passagéier, deen hannen am Auto souz, huet iwwert staarke Réckwei geklot. Des Weideren war nach eng zweet Persoun beim Accident blesséiert ginn.

Heirop hin gouf een HLF, eng 2. Ambulanz an de SAMU nobestallt.

Wei déi néideg Moyen agetraff waren, konnt Persoun schounend aus dem Auto gebuerge ginn.

Am Asaz:
CISH: TLF 2-1, GW 1-1, MTW 1
CISMA: HLF 2-1
CIS Peiteng: RTW 1
CIS Lëtzebuerg: RTW 1
Pleton Chef
POLICE Lëtzebuerg

« von 8 »