11.05.2019 – Accident an der Gäichel

Samschdes, den 11. Mee 2019 géint 17.19 Auer ass den CISH ob en Accident an Gäichel geruff ginn.

Hei koum et zu engem Accident mat enger Camionnette, déi aus Arel koum. De Chauffer hat an der Kéier Kontroll iwwert säi Gefier verluer an koum op der Säit wiedert engem Luuchtepotto zum stoen.

Am Gefier, wat een Päerdstransporter war, waren keng Päerd dran. De Chauffer gouf mat der Ambulanz vum CIS Stengefort an Spidol bruecht.

Equipe ob der Plaz huet den Dépanneur nach dobäi ënnerstëtzen vir Camionnette erëm ob Rieder ze kréien.

Des Weideren war Permanence Moies géint 10 Auer eraus vir ee Bam zu Eischen ewech ze maachen.

Am Asaz:
CISH: TLF 2-1, GW 1-1, MZF 1-1
CISST: RTW 1
POLICE Lëtzebuerg

« von 6 »