26.01.2019 – Kabelbrand

Samschdes den 26.01.2019 ass den CISH mat der Permanenceéquipe géint 23.08h ob Habscht geruff, well do eng elektresch Këscht sollt brennen.

Ob der Plaz ukomm huet awer musse festgestallt ginn, dass net déi elektresch Këscht gebrannt huet, mee den Damp aus der Gaine, wou eng Zoubrengerleitung vun der CREOS dran louch, koum.

Réckmeldung ass ob den 112 gemaach ginn an der CREOS gouf Situatioun erkläert. Permanence vun der CREOS gouf ob Plaz geschéckt vir nom Problem ze kucken.

Zoubrengerleitung war un ee Chantiersverdeeler vun engem Neibau ugeschloss. Sicherungen vun dësem goufen preventiv ausgeschalt.

Bis zum Antreffen vun der CREOS konnt, ausser enger Brandwaacht net vill gemaach ginn.
Et huet een ëmmer erëm Stroumschléi am Rouer heieren knuppen, déi een och an de Féiss gespuert huet.

Wei CREOS bis ob der Plaz war an de Stroum an der Strooss ausgeschalt hat, ass Dampentwécklung erof gaangen.

Ab do war dann den Asaz vir Permanencenéquipe eriwwer, sou dass déi konnt er fueren
Vir CREOS huet et awer erreischt ugefaangen, well déi hunn ee Entreprener mat Bagger bestallt vir Strooss opzerappen.
Während deene ganzen Aarbechten war de Stroum an der ganzer Strooss ausgeschalt.

Op der Plaz:
CISH: TLF 2-1, KLF 1, GW 1-1

Police Lëtzebuerg & CREOS