Bëschbränn zu Habscht

Um Méindeg Mëtten, kuerz no 14 Auer, gouff den CIS Habscht komplett alarméiert. Dëst zesummen mat den Kollegen vum CIS Stengefort an dem Pelotonschef vum Dingscht. Zu Habscht gouff en Bëschbrand gemellt.

Zum Gléck war den Brand, deen zu Habscht um Enn vun der rue Neuort war, nach kleng sou dass een d’Feier schnell konnt ënner Kontroll bréngen. Eng weider BRandausbreedung konnt sou Ennerbonnen ginn, an d’Feier guff op d’Grenz vum Bësch mat enger Wiss beschränkt. Dëst iwwert eng längt vun 150-200 Meter. D’Feier haat haat sech zum deel 3-6 Meter an den Besch eran gefriess. konnt awer séier geläscht ginn.

No ronn 3 Stonnen waren eis Ekippen ërem all dobannen. Leider sollt dëst awer nit fir laang sinn.

Um 19:15 Auer wollt sech eis Permanence am Bau treffen, fir nach eemol op den Brand kucken ze fueren op ed nit ërem ugaangen wier. Een vun eisen Memberen hued bei der Ufahrt an den Bau rem Damp a Uecht geholl, sou dass mir dëst beim 112 gemellt hun. D’Ékipp ass an sech dervun ausgaang dass d’Feier vun Mëttes nees ugaang war, op der Ufahrt konnt dëst awer nit bestätegt gin well den Damp vun enger aanerer Platz erop gaangen ass. Dorobshin gouff direkt den CIS Stengefort mat engem HLF an den WLF mam Wassertank nogeruff.

Well eis Ékipp keen direkten Zougangswee zum Brand fonnt hued, gouff ugefroot op den Policehelikopter nit kéinnt vun Uewen ënnerstëtzen an eventuell méi séier en Wee zum Brand fannen. D’Sich nom Feier selwer huet sech schwiereg gestallt, an well wärend der Sich eng Brandausbreedung nit konnt ausgeschloss ginn gouff fir den CIS Habscht eng Alèrte Générale nogefroot. 2 Persounen, ënner aanerem den Sectiounschef vum Dinsgcht, hun den Bësch zu Fouss duerchkämmt, wärend eng zweet Ekipp vun der Stross en Wee gesicht hued. Kuerz iert den Helikopter ukomm ass, hued dunn och den Sectiounschef d’Brandplatz am Bësch fonnt. Dëss war matten am Bësch, ronn 100-150 Meter vum Wee ewäsch op ganz géiem, onzougänglechem Terrain. D’Schläich ropzéien war eng ganz kräfteraubend Arbecht, déi eisen Leit alles oofverlaangt hued. Zum Gléck war keng Loft am Bësch, wouduerch d’Feier sech nëmmen lues ausgebreet hued. D’Feier war och duerno séier enner Kontroll, allerdéngs hun d’Noläschaarbechten sech hi gezunn. Um 21:30 Auer gouff dunn d’Brandplatz verloss.