Bärbelendag bei den Beruffspompjeeën vun Arel

Eng Traditioun déi vir puer Joer ausgesat hat, gouf erëm bei den Beruffspompjeeën vun Arel agefouert.

Dëst ass hiert klengt Fest vir Bärbelendag an sou wei Traditioun et wëll waren och erëm Pompjeeën vun der Gemeng Habscht ob hiert Fest invitéiert ginn.

Et ass eis allkéiers eng grouss Freed vir dierfen ob hirem Fest deel ze huelen, well och dëst een Deel zu eiser Zesummenaarbecht bäidréit.

Sou wéi mir den CGDIS kréien, ass et an der Belsch scho geschitt. Si ënnerleien och net méi de Gemengen mee hirer resp. Zone. Bei den Areler ass et Zone de Luxembourg. Si sinn de Posten N°01 an domatter och de primäre Posten aus der Zone. Ze bemierken ass, dass Arel och déi gréissten an Haaptstad aus der Zone/Province de Luxembourg ass.

Duerch déi grouss Changementer bei hinnen a bei eis, ass et am Moment schwéier vir zesummen ze schaffen. Si hunn hier Autonomie duerch Zone verluer an och vir eis ass et well scho schwéier ginn, well déi Accorden tëscht de Gemengen (Habscht an Arel) net méi bestinn duerch dee Zoning an der Belsch. Mee Mier setzen ob deenen zwou Säiten drun vir déi Zesummenaarbecht weiderhin oprecht ze erhalen.