Formatioun Sauvetage Lourd

Um Samschden den 07. Oktober kruten Memberen vum CISH an dem CIS Stengefort   eng Formatioun am Beräich vum Sauvetage Lourd.

De Sauvetage Lourd kënnt dann zum Asaz wann déi konventionell Mëttelen déi zur Verfügung stinn net méi duer ginn.

Dëst kann z.B. sinn wann eng Persoun an engem Gruef verschott gëtt, wann bei engem Gebai eng Mauer oder Plafong zesumme brëscht an sech nach Persounen dobanne befannen. Da muss Grondstruktur geséchert ginn an dëst ass méiglech duerch eben grad dat Geschir.

Des Weideren kënnen och mat deem Material wou sech am Container befënnt, och schwéier Laaschten geséchert ginn déi droen ëmzekippen.

An eiser Formatioun gouf et 2 Stonnen Theorie, wou eis Memberen déi verschidden Asazarten virgestallt goufen an och wat ee kann a soll maachen bis den Sauvetage Lourd ob der Asazplaz agetraff ass.

No der theoretescher Aweisung ass et dunn och direkt an 2 Atelieren praktesch geschafft ginn.

An deem engem Atelier ass et drëms gaangen den Container AB-Waasser, deen 5000 Liter Waasser gelueden huet, opzehiewen an gläichzäiteg ze sécheren.

Dëst ass mëttels 2 Hiewekeësen an 2 pneumateschen Stäipen gemaach ginn.

An deem 2ten Atelier ass et drëms gaangen vir Maueren resp. Plafongen oder Brécken ze stäipen. Dëst ass mëttels speziellen Stäipsystem an bëssi Holz oder kee gréisseren Opwand gewiescht.

Där Containeren ginn et der 2 am Land, ee steet bei de Beruffspompjeeën vun der Stad Lëtzebuerg an mat deem wou bei eis geschafft ginn ass, dee steet zu Lëntgen bei der BNS.

Ob dësem Wee soen mir och den Instrukteren ee grousse Merci vir hier Engagement, dass si eis dat Material méi no bruecht hunn.

 

Leave Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert